
Den 22. Oktober sti Biffy Clyro op der Bün an der Escher Rockhal a bréngt hiren 8. Studioalbum mat.
Den Album “A Celebration of Endings” kënnt de 15. Mee eraus, et kann een en awer um Site vun der Band virbestellen. En Avant-goût op déi nei Musek kritt een elo scho mat den neie Singelen “Instant History” an “End Of”.
Mam Pre-Order kritt een och e méi fréien Accès op d’Date vun hirer Europatour, déi Biffy Clyro nach net offiziell annoncéiert huet.