
D’Konschtwierker hu fir net manner wéi 676 Milliounen Dollar, ëmgerechent 592 Milliounen Euro, de Besëtzer gewiesselt. Am meeschte Geld huet d’Bild “No. 7" vum US-Moler Mark Rothko erabruecht mat 82,5 Milliounen Dollar. D’Skulptur “D’Nues” vum Alberto Giacometti gouf fir 78,4 Milliounen Dollar versteet.
Wärend der Auktioun, déi 2 Stonne gedauert huet, koumen am Ganze 35 Wierker vun ënnert anerem dem Andy Warhol, Jeff Koons, Cy Twombly, Pablo Picasso, Jackson Pollock a Sigmar Polke ënnert den Hummer.
D’Auktioun koum zustanen, well sech den Harry Macklowe a seng Ex-Fra Linda Burg bei hirer Scheedung net op de Wäert vun der Sammlung eenege konnten. E Geriicht huet doropshin ordonéiert, dass d’Konschtwierker misste versteet ginn. Den zweeten Deel vun der Macklowe-Sammlung, deen aus 30 Wierker besteet, soll am Fréijoer ënnert den Hummer kommen.