Eng Billardskugel op der Iwwerhuelspur Bill Yard - Just Tonight

RTL Lëtzebuerg
Déi elektronesch Musek mécht kee Bou ronderëm de Grand-Duché. Mam Bill Yard gëtt et zënter e puer Méint e weideren DJ a Produzent um Marché.
Pressfoto vum Lëtzebuerger DJ a Produzent Bill Yard
Pressfoto vum Lëtzebuerger DJ a Produzent Bill Yard
© Bill Yard

Vu senger Identitéit ass net vill gewosst, ausser datt et eben e Lëtzebuerger ass. Säi Markenzeechen, eng grouss schwaarz Billardskugel op de Schëlleren, wéi Daft Punk oder Deadmau5. No Rollercoaster stellt de Bill Yard säin Talent eng weider Kéier ënner Beweis. Just Tonight ass erëm eppes fir op d’Danzpist a mat Sécherheet ee vun den Highlights vu sengem alleréischten Live Optrëtt de 4. Oktober am M-Club.

Bill Yard Homepage
Bill Yard Facebooksäit
Bill Yard Insatgramsäit

Back to Top
CIM LOGO