Mythos oder trauregsten Dag vum JoerBlue Monday - Mat wéi enger Musek kënne mir Är Stëmmung pimpen?

Bob Konsbruck
Sot eis, wéi eng Musek Är Stëmmung hieft a mir spille se.
Symbolbild vun enger Kaz mat engem rosene Bléck.
© Koldunov Alexey/Shutterstock

De Blue Monday ass den drëtte Méindeg vum Joer, dës Kéier also den 19. Januar, a soll den trauregsten Dag vum Joer sinn. Entstanen ass de Blue Monday aus enger Marketing-Aktioun vun enger brittescher Reesentreprise am Joer 2005. Saachen, wéi schlecht Wieder, finanziell Suergen no Chrëschtdag an eventuell Virsätz, déi schonn net méi agehale ginn, solle fir dësen trauregen Dag responsabel sinn.

Wëssenschaftlech ass de Begrëff ëmstridden, gëtt haut awer dacks genotzt, fir op mental Gesondheet an d’Wichtegkeet vum Wuelbefannen opmierksam ze maachen.

An elo ass et un Iech.

Duerch wéi eng Musek gëtt är Stëmmung besser? Braucht Dir zum Beispill e klenge Wackelkontakt? Deelt eis et mat?

E bëssen Inspiratioun?

Oder hëlleft de Song 2 fir gutt Laun bei Iech?

Sot eis wéi eng Lidder Är Laun besser maachen a mir spillen se e Méinden 19. Januar um Blue Monday um Radio. Dir kënnt Är Propose bis e Freideg de 16. Januar um 12 Auer mëttes eraschécken.

Back to Top
CIM LOGO