

Scho fir d’zweete Kéier invitéiert d’Erzielerin Betsy Dentzer eng Kollegin op Lëtzebuerg fir e richtegen “Tête-à-tête”.
Déi Kéier as et déi Kölner Kënschtlerin Selma Scheele. Ënnert dem Motto “Blutgewinsel” bréngen déi zwou Erzielerinnen alles op d’Bün, wat ee ka fäerten doen. Et gëtt kee Blutt gewisen, mä et gëtt erzielt “mit messerscharfen Worten, rätselhaften Anekdoten und eiskalten Kriminalgeschichten”.

Dës Konferenz ass nohalteg, innovativ an interaktiv.
“Die Konferenz der Abwesenden” heescht de Projet vum bekannten Rimini-Protokoll, deen op Invitatioun vum Institut Pierre Werner an dem Goethe-Institut am Théâtre National optrëtt.
Ouni CO2 an ouni schlecht Skype- a Zoom-Verbindung mä eleng mat dem Medium Theater gëtt diskutéiert iwwer Globaliséierung, Zäitzeien oder ëffentlechen Discours. Eng innovativ Manéier, sou wéi de Rimini-Protokoll derfi bekannt ass, an där een als Zuschauer mat an eng Konferenz geholl gëtt, fir déi kee kënnt.
D’Virstellunge sinn e Méindeg op däitsch an en Dënschdeg op franséisch am TNL.
Hir Stëmm erënnert un déi grouss Sängerinnen aus den 1950er Joren. D’Estelle Perrault huet taiwaneesesch a franséisch Originnen an och eng Zäit a béide Länner gelieft an ass schonn ëmmer begeeschtert vun der Jazz-Musek.
“Dare that Dream” ass hiren neien Album, deen am éischte Confinement entstanen ass. Sie séngt dorobber selwer komponéiert Lidder, awer och zwou Reprisen.
No éischten Optrëtter a Kanada, lieft si zënter 2016 zu Paräis, wou se op verschiddene Musekbünen ze gesinn ass.
De Concert am CAPE zu Ettelbréck ass eng Mëschung aus hiren eegene Kompositiounen a bekannte Klassiker.