Grënnerin vun de Pointer SistersBonnie Pointer am Alter vun 69 Joer gestuerwen

RTL Lëtzebuerg
Déi US-amerikanesch Soul- an R&B-Sängerin Bonnie Pointer ass verscheet.
© AFP

Dëst gouf e Méindeg op hirer aktueller Websäit matgedeelt. Detailer iwwert d’Doudesursaach sinn net gewosst. Hir musikalesch Karriär huet am Gospel-Chouer ugefaangen. Zesumme mat hire Geschwëster huet si d’Band “Pointer Sisters” gegrënnt an an de 70er Joren d’Discoen eruewert mat Hits wéi “I’m So Excited”, “He’s So Shy” a “Slow Hand”.

1975 hu si e Grammy fir hiert Lidd “Fairytale” gewonnen, dat d’Bonnie zesumme mat hirer Schwëster Anita geschriwwen hat. Den Elvis Presley hat esou vill Gefalen un deem Titel fonnt, dass hien de Song gecovered huet.

Mëtt 70er Joren huet d’Bonnie Pointer d’Grupp verlooss an eng legendär Solo-Karrirär gestart. Hire gréissten Erfolleg war “Heaven Must Sent You” am Joer 1978. Ma och ouni hir Stëmm haten d’Pointer Sisters weiderhi grousse Succès.

Back to Top
CIM LOGO