Bekannt duerch "Shopaholic" SerieBrittesch Schrëftstellerin Sophie Kinsella am Alter vu 55 Joer gestuerwen

AFP
Iwwersat vun RTL Lëtzebuerg
D'Madeleine Sophie Wickham, bekannt ënnert dem Pseudonym Sophie Kinsella, ass e Mëttwoch un de Suitte vun engem Tumor gestuerwen.
© Photo12 via AFP

Déi brittesch Bestseller-Schrëftstellerin Sophie Kinsella ass e Mëttwoch am Alter vu 55 Joer un de Suitte vun engem Gehier-Tumor gestuerwen, wéi hir Famill matgedeelt huet. Bekannt ginn ass d’Madeleine Sophie Wickham, déi ënnert dem Pseudonym Sophie Kinsella geschriwwen huet, mat der Rei “Shopaholic”.

Hir Bicher hu sech ronn 50 Millioune Mol verkaaft a goufen an iwwer 40 Sproochen iwwersat, wéi op hirem Site ze liesen ass.

Déi éischt zwee Romaner aus der “Shopaholic"-Serie goufen 2009 mat der Isla Fisher an der Haaptroll verfilmt. Hiert éischt Buch “The Tennis Party” huet d’Kinsella am Alter vun 24 Joer geschriwwen, wéi si selwer nach als Finanzjournalistin geschafft huet.

Am leschte Joer hat d’Kinsella matgedeelt, datt bei hir eng aggressiv Form vu Kriibs festgestallt gouf, an datt si eng Chemo-Therapie gemaach huet. Hire leschte Roman “What Does It Feel Like?” aus dem Joer 2024 ass eng deelweis fiktiv Beschreiwung vun hiren Erfarungen zanter der Kriibsdiagnos a koum op verschidde Bestseller-Lëschten.

Back to Top
CIM LOGO