Seng Serie "Luxembourg" ass Deel vu Mudam-KollektiounBrittesche Fotograf Martin Parr am Alter vun 73 Joer gestuerwen

RTL Lëtzebuerg
© JOEL SAGET / AFP

De brittesche Fotograf Martin Parr ass e Samschdeg am Alter vun 73 Joer gestuerwen. Dat huet seng Fondatioun um Sonndeg matgedeelt.

De Parr war virun allem bekannt fir säin humoristeschen, satiresche Bléck op Alldagssituatiounen. Hie war Member vun der renomméierter Fotosagence “Magnum Photos” an huet zanter den 1970er-Jore mat senge Fotoen op eng humorvoll Manéier festgehale wéi d’Gesellschaft konsuméiert, reest oder feiert.

© GEOFFROY VAN DER HASSELT / AFP

Seng Serie mam Numm “Luxembourg” ass an der Kollektioun vum Mudam a gouf am Kader vum Kulturjoer 2007 an Optrag ginn. D’Fotoe werfen en ironesche Bléck op gewësse Charakteristike vum gesellschaftleche Liewen zu Lëtzebuerg.

Back to Top
CIM LOGO