
De bekannte brittesche Regisseur John Irvin, dee virun allem fir seng Actionthrillere bekannt ass, ass gestuerwen. Hien ass schonn den 11. August am Alter vu 86 Joer "Friddlech a sengem Doheem am Krees vu senger Famill" gestuerwen, sou seng Produzentin Claire Evans e Mëttwoch brittesche Medien géigeniwwer. Hien hannerléisst dräi Kanner an zwee Enkel.
Den Irvin ass am Joer 1979 mat der Serie vum John le Carré sengem Spionage-Klassiker "Tinker, Tailor, Soldier, Spy" engem breede Publik bekannt ginn. Hie gouf fir d'BBC-Serie, an där den Alec Guinness d'Haaptroll gespillt huet, mat zwee brittesche Bafta-Filmpräisser ausgezeechent an huet och eng Emmy-Nominéierung akasséiert.
An den 80er Joren huet den John Irvin bei weidere groussen Actionfilmer Regie gefouert, dorënner bei "The Dogs of War" oder "Raw Deal".
