
Et ass en Thema, dat dem Realisateur läit: Dem Kore-eda säi Film “Une Affaire de Famille”, deen 2018 d’Palme d’Or zu Cannes krut, ass wuel ee vun de beschte Familljefilmer, déi jee gedréit goufen.
Am neie Film “Broker” abandonéiert eng jonk Mamm hiert frësch gebuerent Kand an enger sougenannter Babybox an enger Kierch zu Busan. En Employé vun der Kierch a säi Kolleeg klauen d’Kand, fir et ze verkafen. Wéi d’Mamm, déi den Dag drop zeréckkënnt, dat erausfënnt, schléisst se sech deenen zwee un an zesumme ginn se op d’Sich no neien Elteren. Zugläich ass awer och eng Koppel vu Polizisten op hirer Spuer, fir se in flagranti bei enger Transaktioun ze erwëschen.
Dat gesäit no Krimi aus, gëtt awer an den Hänn vum japanesche Realisateur Kore-eda erëm éischter eng Familljegeschicht, oder besser gesot allméiglech Familljegeschichten.
All d’Personnagë schleefen hir eege komplizéiert Geschicht mat sech ronderëm, a wat se sech méi no kommen, wat se méi changéieren. Allerdéngs kritt de Spectateur ni richteg Angscht fir dat gekidnapped Kand, well déi erwuesse Protagonisten no a no ëmmer méi sympathesch an touchant duergestallt ginn. Et kann ee sech natierlech froen, ob den Trafic vu Bëbeeë compatibel ass mat enger éischter erbaulecher, jo bal sentimentaler Geschicht.
De Realisateur schléit awer ni iwwer d’Sträng, an d’Emotioune wierken echt a glafwierdeg. Ouni déi aussergewéinlech Qualitéite vu sengem Film “Une Affaire de Famille” ze hunn, ass “Broker” dach e beweegenden, humanistesche Film.