Fir 500 Milliounen DollarBruce Springsteen verkeeft Museksrechter u Sony

RTL Lëtzebuerg
D'US-Rocklegend Bruce Springsteen huet Medieberichter no d'Rechter u senge Lidder fir ronn 500 Milliounen Dollar verkaf.
© AFP Archivbild

Neie Proprietär vum Musekskatalog vum 75 Joer ale Sänger mat Hits wéi “Born in the USA” ass de Risekonzern Sony. Dat geet aus de Berichter vun der “New York Times” a “Billboard” ervir. Nieft dem Toun sinn awer och direkt d’Rechter vun den Texter mat verkaf ginn.

De Bruce Springsteen trëtt domat an eng Rei vu Stars, déi hir komplett oder op d’mannst Deeler vun hire Museksrechter verkaaft hunn. Zu hinnen zielen de Bob Dylan, Stevie Nicks an Neil Young. Offiziell confirméiert gouf den Deal tëscht dem Sänger a Sony awer nach net.

De 75 Joer al Rocklegend huet weltwäit iwwer 150 Millioune Placke verkaf. A senger kompletter Karriär war hie bei der Museksfirma Columbia Records ënner Vertrag, déi och zu Sony gehéiert.

Back to Top
CIM LOGO