2. Staffel den 22. FebruarCapitani-Acteur Luc Schiltz am RTL-Interview

Mariette Zenners
Den 1. Oktober gouf déi 1. Episod vun der Serie Capitani bei eis op RTL diffuséiert. Den 22. Februar um 8 Auer leeft déi 2. Staffel op RTL Lëtzebuerg un.
2. Staffel den 22. Februar
Capitani-Acteur Luc Schiltz am RTL-Interview

Vum nächsten Dënschdeg un gëtt et all Woch nom Journal vun 20 Auer un eng Episod vun der zweeter Staffel vun der beléifter Lëtzebuerger Serie, déi jo och op Netflix en enorme Succès gefeiert hat.

Des Kéier spillt d’Geschicht am Garer Quartier, wéi och den Haaptacteur Luc Schiltz bei eis am Journal erkläert. Och an der 2. Staffel spillt de Luc Schiltz natierlech d’Haaptroll vum Capitani.

E Samschden an eiser Emissioun No Art On Air sinn dann d’Haaptactrice, d’Sophie Mousel an den Auteur vun der Geschicht, den Thierry Faber Invitéë beim Jenny Fischbach.

12 Episoden si vun der neier Staffel virgesinn. Den 22. Februar dëst Joer wäert déi éischt Episod um 20 Auer op RTL diffuséiert ginn. Wien d’Episode verpasst, ka se zu jidder Zäit am Replay op RTL Play kucken. Do fënnt ee sech och mat franséischen an engleschen Ënnertitelen.

Back to Top
CIM LOGO