
Als éischt huet de Spuenier an enger Agence fir Publicitéit zu Barcelona geschafft, éier hien am Joer 1994 op Los Angeles geplënnert ass, fir sech do eenzeg an eleng op d’Schreiwen ze konzentréieren. Hien huet awer net just Romaner publizéiert, mä sech och en Numm duerch seng Tâche als Dréibuchauteur a Journalist bei de spueneschen Zeitungen El País a La Vanguardia gemaach.
1993 ass säin éischte Roman “El príncipe de la niebla” (dt. “Der Fürst des Nebels”) erschéngt, vun deem eng 150.000 Exemplare verkaf goufen. Duerno huet hien 3 weider Jugendbicher op de Maart bruecht. Säi 5. a wuel bekanntstent Wierk „La sombra del viento” (dt. “Der Schatten des Windes”) koum am Joer 2001 eraus an ass a kierzter Zäit e Bestseller ginn. Et gouf op 36 Sproochen iwwersat a ronn 10 Millioune mol verkaf.