D’Weihnachtsoratorium vum Johann Sebastian Bach ass an der klassescher Musek sou bekannt a beléift, dass et an der Zäit viru Chrëschtdag dacks opgefouert gëtt. Dat hate sech och den Ensemble Vocal du Conservatoire du Nord Ettelbréck mam Orchestre de Chambre du Luxembourg virgeholl.
Et muss ee sech bëssen an d’Zäit vum J.S. Bach zréckversetzen, virun ongeféier 300 Joer. De Bach war zu Leipzig aktiv an d’Joer war bestëmmt vu reliéise Fester an enger Géigend, wou d’Protestante reliéis d’Soen haten. Dat huet bedeit, dass an de Gottesdéngschter am Advent viru Chrëschtdag keng Musek méiglech war, an alles ganz sober war.
An da kënnt Chrëschtdag an dem Bach seng Musek explodéiert. D’Weihnachtsoratorium, dat ass en Orchester, dat ass e Chouer an dat si Solisten.