Rolling Stones Live um KierchbiergConcert aus dem Joer 1995 ass op Youtube opgedaucht

RTL Lëtzebuerg
De 27. August 1995 huet déi weltbekannte Rock&Roll-Band aus Groussbritannien um Kierchbierg e Concert viru ronn 60.000 Leit gespillt.
© Youtube (The Glimmer Stone)

Ganz rezent ass de komplette Concert, deen d'Rolling Stones de 27. August 1995 um Kierchbierg gespillt hunn, online opgedaucht. Geheescht huet dës Tour "The Voodoo Lounge Tour" an huet den 1. August zu Washington DC an den USA ugefaangen.

Nodeems déi weltbekannte Band an den USA gespillt huet, ass d'Tour weider a Kanada, Südamerika, Afrika, Asien, Australien a schlussendlech Europa gaangen. De Concert um Kierchbierg war zu deem Moment déi 37. Show op hirem Wee duerch Europa gewiescht.

Wéi et an der Beschreiwung vum Youtube-Channel "The Glimmer Stone" heescht, wieren d'Opname vum Lëtzebuerger Concert vun der Qualitéit hier erstaunlech gutt, dat verglach mat anere Concerten aus där Zäit, déi opgezeechent goufen.

Hei dann och nach déi komplett Set-List vum Concert zu Lëtzebuerg:

Not fade away, Tumbling Dice, You Got Me Rocking, It's All Over Now, Sparks Will Fly, Satisfaction, Beast of Burden, Angie, Like a Rolling Stone, Rock and a Hard Place, Gimme Shelter, I Go Wild, Miss You, Honky Tonk Women, Happy, Slipping Away, Sympathy for the Devil, Street Fighting Man, Start Me Up, It's Only Rock 'n' Roll, Brown Sugar, Jumpin' Jack Flash.

Back to Top
CIM LOGO