
Wann Aarte riskéieren an der Natur auszestierwen, da komme se op eng rout Lëscht, domadder soll probéiert ginn ze agéieren a se ze schützen. Sou änlech kann et och digitalem Contenu, ganz präzis Internet-Sitten ergoen. Domadder verschwannen dann eng ganz Rei intressant a wichteg Informatiounen, déi missten archivéiert ginn. Eréischt zënter dräi Joer ginn an der Nationalbibliothéik och Websitten archivéiert.
Wien den archivéierten Webarchiv wëll consultéieren, dee muss an d’Nationalbibliothéik goen, anescht, also online, ass en, schonn eleng aus Copyright an Dateschutzgrënn net zougänglech.
