Filmpremière verluechtCovid-19 setzt 007 ausser Gefecht

RTL Lëtzebuerg
Och den James Bond kann näischt géint de Coronavirus maachen!

De Lancement vum neien Bond Film “No time to die” gëtt wéinst dem Covid-19 ëm e puer Méint verréckelt.

D’Produzenten hunn e Mëttwoch iwwer Twitter annoncéiert, datt de Film a Groussbritannien eréischt den 12. November an d’Kinoe kënnt an an den USA de 25. November. “No time to die”, mam Daniel Craig an der Haaptroll sollt, den nächste Mount an de Kinoen ulafen.

Fir ze verhënneren, datt de Virus sech nach méi séier ausbreet, si jo schonn eng Rei Evenementer ofgesot ginn an elo huet dann och den 007 de Kampf géint de Covid-19 verluer.

Back to Top
CIM LOGO