
Virun allem bei de Jonken ënner 20 Joer ass de Begrëff wäit verbreet. Elo ass d’Wuert Jugendwuert vum Joer 2021 ginn. D’Wuert huet sech bei der Ëmfro vum Langenscheidt-Verlag mat 42% vun de Stëmmen duerchgesat.
D’Wuert huet souguer e feste Bestanddeel am aktive Sproochegebrauch, erkläert de Verlag. Dat géif een och schonn dorunner gesinn, dass “cringe” 2020 op der Plaz 2 war.
Niewend “cringe” waren d’Begrëffer “sheesh” a “sus” nach an der enker Auswiel. “Sheesh” dréckt Erstaunen aus a kënnt vum englesche Begrëff “Jesus”. “Sus” ass d’Ofkierzung vu “suspect”, also verdächteg oder opfälleg. “Sus” ass op d’Plaz 2 komm, dat nach viru “sheesh”.
Bei der Ëmfro vum Langenscheidt hunn de 14. Juni ronn 1,2 Millioune Jugendlecher matgemaach. 2020 ass d’Wuert “lost” iwwregens d’Jugendwuert vum Joer ginn.