No ART on AIR am REPLAYD'Actrice, Regisseurin an Theaterdirektesch Myriam Muller

RTL Lëtzebuerg
"No ART on AIR" geet an déi zweet Saison. Ëmmer donneschdes no 8 e labberen Talk iwwer kulturell Theme mat intressanten Invitéën.
„No Art On Air“ mam Myriam Muller
De labberen Talk iwwer kulturell Themen. All Donneschden e spannenden Invité, flott Chroniken, en aktuelle Coup de coeur oder e kulturpolitesche Sujet.

30 Joer laang stoung d'Myriam Muller op der Theaterbühn an virun der Filmkamera. Ma zënter e puer Joer schafft si éischter hannert de Kulissen als Regisseurin oder bréngt als Artistesch Direktesch vum Théâtre du Centaure Geschichten op d’Bühn.

Wei gesäit d’Theaterlandschaft den Ament hei zu Lëtzebuerg aus? A wat leeft am Dierfgen? Dat sinn ë.a. d'Froe vum Jenny Fischbach un d'Myriam Muller.

Aner Themen an der Emissioun: d'Patricia Baum war an d'Rotonden "Ready to play?" spillen an d'Claudia Kollwelter hëlt eis mat op Genk an d'Welt vum Film-Realisateur Tim Burton.

De labbere Kulturtalk "No Art On Air" am Café "Gudde Wëllen" an der Stad elo ëmmer donneschdes um 20 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg an am Livestream op RTL.lu, wou een d'Emissioun duerno och am Replay fënnt.

Back to Top
CIM LOGO