RIPDäitsche Schauspiller Andreas Hoppe, alias "Tatort-Kommissar Kopper", mat 66 Joer gestuerwen

RTL Lëtzebuerg
Den Acteur war virun allem bekannt fir seng Roll als "Kommissar Mario Kopper" am Ludwigshafener "Tatort", wou hie vun 1996 bis 2018 nieft der Ulrike Folkerts, alias Lena Odenthal gespillt huet.
© UWE ZUCCHI/dpa Picture-Alliance via AFP

An insgesamt 57 Episoden huet hien de "Kommissar Kopper" verkierpert. Seng lescht "Tatort"-Folleg gouf am Januar 2018 ausgestraalt.

Duerno huet den Hoppe sech ënner anerem Filmprojeten, Liesungen an dem Asaz fir regional an ekologesch Liewensmëttel dediéiert. Hie war och am Déiereschutz aktiv an huet sech als Ambassadeur fir Wëllef engagéiert.

D'Ulrike Folkerts, mat där den Hoppe och privat eng déif Frëndschaft hat, huet sech ganz traureg iwwer säin Doud gewisen.

Back to Top
CIM LOGO