Podpurri - Mir schwätze KulturD'artistesch Direktesch vun Esch22 Françoise Poos

Claudia Kollwelter
PodPurri - mir schwätze Kultur heescht eng Emissioun, bei där mir eis all Woch vum Invité.e op déi Plaz invitéiere loossen, wou hien eis ëmfänke wëll.

De Countdown leeft fir d’grouss Ouverture vun Esch2022 de Samschdeg 26. Februar. Ma wat ass iwwerhaapt geplangt fir de Lancement vum Kulturjoer an och soss dat ganzt Joer iwwer? D’artistesch Direktesch vun Esch2022 huet mam Claudia Kollwelter an hirem Büro um Belval iwwert hir Aarbecht geschwat, d’Erausfuederungen vun de läschte Joren an den Impakt vun der Pandemie. D’Françoise Poos huet donieft awer och eng Partie perséinlech Highlights eraus gepickt.

De Countdown leeft fir d’grouss Ouverture vun Esch2022 de Samschdeg 26. Februar.

Esch2022Podpurri - mir schwätze Kultur, dat ass 3 Mol d’Woch um Radio, op RTL.lu, op RTL Play an als Podcast op Spotify an iTunes.

RTL Podcasts abonnéieren

Back to Top
CIM LOGO