Podpurri - Mir schwätze KulturD'Artistin Julie Wagener an de President vum CAL Marc Hostert

RTL Lëtzebuerg
PodPurri - mir schwätze Kultur heescht eng Emissioun, bei där mir eis all Woch vum Invité op déi Plaz invitéiere loossen, wou hien eis ëmfänke wëll.

Et ass sécher mat déi eelste Kultur-Institutioun am Land. 1893 ass de Cercle Artistique zu Luxembourg- kuerz CAL - gegrënnt ginn. An zënter 125 Joer organiséiert en all Joer säi Salon, bei deem een e Bléck op déi zäitgenëssesch Konscht vun hei ka kréien. An en zeechent och Kënschtler aus. Dëst Joer ass et un der Rei vum renomméierte Prix Grand-Duc Adolphe. All zwee Joer geet awer och e Präis un e jonke Kënschtler ënner 35 Joer. Laureatin ass déi Kéier d’Illustratorin a Molerin Julie Wagener, déi mat hirem dräideelege Wierk “It hurts until it doesn’t” de Jury iwwerzeegt huet.

Mattsen an der Expo am Alen Tramsschapp um Lampertsbierg huet d’Christiane Kremer sech fir e Podcast-Interview mam Julie Wagener a mam President vum CAL Marc Hostert ënnerhalen. Rieds goung dobäi iwwer d’Organisatioun vum Salon an d’Aarbecht vum Artist - och a Pandemies-Zäiten -, iwwer d’Critère vun de Präisser, awer och iwwer déi ablécklech Erausfuerderung fir u Material ze kommen an iwwer der Julie Wagener hir Faszinatioun fir Hänn.

Prix Révélation fir
Prix Révélation fir

Podpurri - mir schwätze Kultur, dat ass 3 Mol d’Woch um Radio, op RTL.lu, op RTL Play an als Podcast op Spotify an iTunes.

RTL Podcasts abonnéieren

Back to Top
CIM LOGO