
D’Expo soll de Visiteur dozou ureegen, seng eege Plaz an der Geschicht ze hannerfroen, respektiv aus enger anerer Perspektiv ze betruechten. D’Ausstellung “Land in Motion. Transforming People and Nature” stellt déi zwou zentral Froen: “Wéi verännert de Mënsch d’Natur ronderëm sech?” a “wéi een Effekt huet d’Natur op de Mënsch?”. Op zwou Etagë kann de Visiteur déi verschidde Facettë vun dësem Muechtverhältnis entdecken an dobäi immersiv a véier Landschaften andauchen.
Ganzer 2 Joer laang huet eng grouss Ekipp vum Nationalmusée un dëser Ausstellung geschafft. Si presentéiert Objeten aus de Beräicher Archeologie a Geschicht awer och eng ganz Partie Wierker vu Kënschtler, déi sech iwwer d’Joerzéngte mat deenen dynamesche Wiesselwierkungen tëscht Mënsch a Natur auserneegesat hunn a -setzen.
Fir dat komplext Thema och fir Kanner gutt zougänglech ze maachen, gouf fir si ee spezielle Parcours mat Audio- a Kreativ-Statiounen an Illustratioune vum Lynn Cosyn konzipéiert.
D’Ausstellung am Nationalmusée um Fëschmaart leeft nach bis den 11. Januar.