"Passepartout" um SamschdegowendD'Bünebild vun Hänsel a Gréidel, den Theaterkollektiv Independant Little Lies am Kinneksbond an d'Keramik-Konscht vum Steven Cruz

Sophie Becker
D'Kultur-Emissioun op der Tëlee, mam Zil, d'Villsäitegkeet vun der Lëtzebuerger Kulturzeen ze presentéieren, ze vermëttelen an ze encadréieren.
Passepartout: Hannert de Kulisse vum Groussen Theater
D’Bünebild vun Hänsel a Gréidel, den Theaterkollektiv Independant Little Lies am Kinneksbond an d’Keramik-Konscht vum Steven Cruz.

Dës Woch am “Passepartout” weise mir iech en Abléck hanner d’Kulisse vum Groussen Theater. Hei hu mir d’Evolutioun vum komplexe Bünebild vun Hänsel a Gréidel verfollegt. Mir waren am Kinneksbond bei der Theaterproduktioun “Kleng Ligen iwwer Onofhängegkeet” vun Independant Little Lies dobäi.

A mir hunn de Steven Cruz bei de Rotonde getraff, fir mat him iwwert säin aktuellt Wierk “Marés Vivas” ze schwätzen.

“Passepartout": all Samschden um 19 Auer op der Tëlee an am Livestream op RTL.lu, ma och am Replay an op RTL Play!

Back to Top
CIM LOGO