No ART on AIR am REPLAYD'Danielle Igniti

RTL Lëtzebuerg
"No ART on AIR" - ëmmer donneschdes no 20 Auer e labberen Talk iwwer kulturell Theme mat intressanten Invitéën.
VIDEO: „No Art On Air“ mam Danielle Igniti
De labberen Talk iwwer kulturell Themen. All Donneschden e spannenden Invité, flott Chroniken, en aktuelle Coup de coeur oder e kulturpolitesche Sujet.

Si huet op e puer Fronte gekämpft: an der Politik, am Sozialen an an der Kultur. Elo geet d'Danielle Igniti als Direktesch vum Kulturzenter "Op der Schmelz" vun Diddeleng an d'Pensioun. Mä domadder huet se bestëmmt nach net hiert lescht Wuert gesot zu deem, wat an der Kultur zu Lëtzebuerg leeft oder net leeft. Dem Jenny Fischbach huet se vill z'erzielen.

Ausserdeem hëlt de Joël Seyler eis mat op d'Expo "Lust der Täuschung" op München an de Claude Neu schwätzt iwwer de Projet "Benu Village" zu Esch-Uelzecht.

De labbere Kulturtalk "No Art on Air" am Café "Gudde Wëllen" an der Stad elo ëmmer donneschdes um 20 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg an am Livestream op RTL.lu, wou een d'Emissioun duerno och am Replay fënnt.

Back to Top
CIM LOGO