
Et wénkt eng Méiglechkeet, an der Emissioun The Voice opzetrieden.
Fir matzemaachen, muss ee sech virdrun aschreiwen. Dofir muss een e Video vu sech selwer beim Sange vun engem Lidd op castingtvlu@gmail.com schécken. Drun denken, fir Numm, Virnumm, Alter a GSM matzeschécken.
Beim Casting ass och den Direkter Bruno Berberes present. Iwwerdeems trieden zwee fréier Kandidate vun der Emissioun op Maximilien Philippe an Angelo St Ange.