Mat 52 JoerDe beléifte Komedien Mirco Nontschew ass gestuerwen

RTL Lëtzebuerg
Trauer ëm de Komedien Mirco Nontschew, dee viru Kuerzem nach am Bully-Herbig-Format "Lol - Last one laughing" ze gesi war.
© http://www.mirco-nontschew.de/mediagalerie/index.html by mirco-nontschew.de (Stefan Pick, Irina Tübbecke, Benno Kraehahn)

De beléifte Komedien ass am Alter vun 52 Joer gestuerwen. Déi meescht Leit dierften hien nach duerch seng Rollen an der “RTL Samstag Nacht” an Erënnerung hunn.

Wéi d’Bild-Zeitung mellt, wier de Mirco Nontschew scho lescht d’Woch verscheet. Eng Porte-parole vun der Police hätt gezielt, dass hien dout a senger Wunneng fonnt gi wier. Ermëttlunge goufe lancéiert. D’Doudesursaach wier nach onkloer.

De Manager an enke Frënd Bertram Riedel hätt der Bildzeitung den Doud vum Mirco Nontschew confirméiert.

Back to Top
CIM LOGO