
Dat steet e Samschdeg de Moien an der belscher Zeitung “La Dernière Heure” ze liesen. De Pierre Kroll, deen zu Léck lieft an am Kongo gebuer ass, erzielt am Interview, datt hien iwwer de Recouvrement d’Lëtzebuerger Nationalitéit krut. Hien hätt kënnen noweisen, datt hie Virfaren zu Lëtzebuerg huet.
Säi Groussmonni ass nämlech keen aneren ewéi de Guillaume Kroll, deen 1889 zu Esch op d’Welt koum an eng international Renommée huet, well hien an den 30er Joren ee Prozess entwéckelt huet, fir Titan hierzestellen. No him ass och de gréisste Lycée zu Esch benannt. Och zu Zéisseng gëtt et eng Strooss Guillaume Kroll - eppes, wat de belsche Karikaturist och am Interview präziséiert.