
Et ass Zäit vun de Chrëschtfeieren. Net just déi an der Famill, ma och déi vum Veräin oder vum Betrib, an deem ee schafft. An grad sou Chrëschtfeiere kënne jo och mol spontan bëssen aus dem Rudder lafen oder eben ganz anescht ausgoen, wéi een dat am Ufank gemengt hätt.
An grad sou eng Chrëschtfeier ass och d’Thema vun engem Lëtzebuerger Film, dee grad an de Kinoe leeft. "De Buttek" heescht en an et ass e Film, deen op seng Aart a Weis ganz speziell ass. D'Schauspiller haten nämlech kee gewéinlecht Dréibuch, mä krute just de Kader virginn. De Rescht ass duerch Spontanitéit an Improvisatioun wärend dem Tournage entstanen. Wéi de Luc Feit, dee mat dësem Film d'Aarbecht hannert der Kamera nach emol nei entdeckt huet, de Film elo gesäit, hu mer bei him nogefrot.