
De Charles Dumont huet fir d’Edith Piaf och nach weider Lidder komponéiert, dorënner “Mon Dieu” a “Les Amants”. Nieft der Edith Piaf huet hien ënnert anerem och mat der Barbara Streisand an der Dalida zesummegeschafft.

Zum Schluss vu senger Karriär stoung den Dumont och eleng als Sänger op der Bün.