Neit KonzeptDe Festival des Migrations geet dëst Joer vu Mäerz bis Mee

Monica Camposeo
Normalerweis dauert de Festival des Migrations 3 Deeg, dëst Joer zitt sech de ganze Programm op 3 Méint.
© Monica Camposeo / RTL

D’Editioun 2022 ass deemno eng Zort Mini-Migratiouns-Festival. Um Enn gëtt et eng feierlech Clôture um Weekend vum 7. an 8. Mee. 35.000 Leit, déi virun der Pandemie an der Luxexpo zesumme fonnt hunn, hätt een elo wëllen op méi kleng Evenementer verdeelen. Et wier awer wichteg, d’Leit nees am Présentiel an net nëmmen digital zesummen ze bréngen, esou d’Presidentin vum CLAE, d’Pascale Zaourou, där Organisatioun, déi de Lien tëscht den Associatioune vun auslännesche Matbierger mécht.

Neit Konzept fir de Migratiouns-Festival/ Rep. M. Camposeo

D’Konzept vun dësem Joer stellt d’Iddi vum Mouvement an de Mëttelpunkt. Engersäits si Leit, déi migréieren, a Beweegung, hiert Liewen an hir Dreem verännere sech, esou den Alain Randresy. Hien ass zoustänneg fir interkulturell Projete beim CLAE. Op der anerer Säit ass och de Migratiouns-Festival dëst Joer a Beweegung an erstreckt sech iwwer d’ganzt Land.

D’Verbindung maachen d’CFL als Partner. Duerch den Zuch sinn déi verschidden Eventer verbonnen, mee et sollen och an den Zich Concerten oder Liesunge sinn. Doduerch erhofft ee sech och Leit, déi sech bis ewell net fir de Festival des Migrations interesséiert hunn, ze erreechen, huet d’Anita Helpiquet vum CLAE en Dënschdeg de Moien op der Pressekonferenz erkläert.

Dat exzeptionellt Konzept ass en Test, mee et wier der Wäert et auszeprobéieren, esou d’Organisateuren. Et géing een och net fäerten, dass een duerch dat neit Konzept Leit verléiert, mee d’Hoffnung wier éischter, dat Ganzt als Chance ze notzen an d’Kultur bei d’Leit ze bréngen.

De ganze Festivals-Programm fannt Dir op www.clae.lu

Back to Top
CIM LOGO