
Zënter 1986 gëtt et SAMSA, eng vun den eelsten a wuel déi gréisste Filmproduktiounsfirma zu Lëtzebuerg. Ee vun den dräi Käpp hannendrun ass de Claude Waringo, dee schonn derbäi war, wéi Samsa nach eng asbl war.
Iwwer 100 Spillfilmer an eng grouss Zuel un Dokumenatären a Kuerzfilmer goufen hei produzéiert, deels fir de Lëtzebuerger Marché, deels fir international Co-Produktiounen, mat deene se schonn zu Cannes, Venedeg, Berlin oder bei den Oscaren derbäi waren.
Ee vun den dräi Käpp hannert SAMSA-Film ass de Claude Waringo.
Iwwer säin Job als Produzent huet de Claude Waringo a sengem Büro dem Christiane Kremer méi erzielt. Awer natierlech goung och Rieds iwwer déi zweet Staffel vu Capitani, déi den 22.2. op RTL uleeft, iwwer den onerwaarte Succès vun der éischter Staffel, d’Zesummenaarbecht mat Netflix an d’Fro, ob een och un eng drëtt Staffel schonn denkt.
Podpurri - mir schwätze Kultur, dat ass 3 Mol d’Woch um Radio, op RTL.lu, op RTL Play an als Podcast op Spotify an iTunes.
