
Säi Bild kennt jiddereen, säin Numm déi wéinegst. De Régis Bossu hat 1979 bei de Feierlechkeeten zum 30. Joresdag vun der DDR dee berüümte “Brudderkuss” vu Breschnew an Honecker festgehalen. Et ass ee vun den ikoneschste politesche Momenter vum 20. Joerhonnert, dee weltbekannt ginn ass duerch dem Moler Dmitri Vrubel säi Konschtwierk an der East Side Gallery op der Berliner Mauer.
De Bossu war zeréckhalend, eegesënneg an exakt, mat engem schaarfe Bléck fir vermeintlech Zoufäll. Succès war him net terribel wichteg. Dass säi Portrait vum Bundeskanzler Helmut Schmidt spéider op engem Sonner-Timber vun der däitscher Post fir dem fréiere Kanzler säin 100. Gebuertsdag ze gesi war, war hien eréischt gewuer ginn, nodeems seng Agence dofir vill Geld iwwerwise kritt hat.
1984 war dem Régis Bossu eng weider eenzegaarteg Opnam gelongen. Hien hat an engem Bësch bei Heilbronn déi deemools nach geheim gehalen US-amerikanesch Pershing-2-Rakéite fotograféiert. De franséische Fotograf a Kënschtler ass den 28. November zu Griesheim bei Darmstadt no laanger Krankheet gestuerwen, an hannerléisst seng Fra Britta a säi Bouf Félix.