Am Alter vun 80 JoerDe franséische Sänger an Auteur Herbert Léonard ass gestuerwen

RTL Lëtzebuerg
Den Herbert Léonard huet schonn zanter méi Laangem géint Longekriibs gekämpft.
Den Herbert Léonard bei engem Optrëtt am Joer 2010
Den Herbert Léonard bei engem Optrëtt am Joer 2010
© PHOTOTHEQUE LECOEUVRE / Collection ChristopheL via AFP

An den 1980er Joren war hie mat Lidder ewéi “Pour le plaisir” als Sänger erfollegräich. E Sonndeg ass hien am Alter vun 80 Joer gestuerwen. Dat huet seng Fra Cléo Léonard der Noriichtenagence AFP confirméiert. Hie wier um 18 Auer am Spidol vu Fontainebleau gestuerwen.

Back to Top
CIM LOGO