Nofollger vum Yann TonnarDe Fred Neuen gëtt neie President vun der Filmakademie

RTL Lëtzebuerg
D'Filmakademie huet en neie President.
© Filmakademie

Dat deelt d’Akademie e Méindegmoien an engem Schreiwes mat. An dësem heescht et, dass de Fred Neuen d’Nofolleg vum Yann Tonnar untrëtt, dee säi Poste verléisst, fir senge berufflechen Ziler nozegoen.

Wéi et vum neien Direkter, dem Fred Neuen heescht, wéilt hien op der Aarbecht vu sengem Virgänger opbauen an d’Positioun vu Lëtzebuerg an der globaler Film-Landschaft stäerken.

Back to Top
CIM LOGO