
Wéi de Gerard Valerius virun e puer Joer eng Galerie opgemaach huet, huet e sech selwer en Dram erfëllt. Vrun allem huet en awer domadder och vill Leit iwwerrascht. Bis dohinner war hie vrun allem bekannt als Gastronom mat Restaurant a Bistrot a laang Joren och am Disko-Nuetsliewen. An natierlech als RTL-Mataarbechter, deen ni ëm eng Äntwert verleeën ass oder souguer als Member vun der Band Djuju.
De Galerist Gérard Valerius
Wéi hien zu der Begeeschterung fir d’Konscht komm ass, wéi en den aktuelle Konschtmarché gesäit, wat e vum Banksy denkt a wéi en d’Art Week de Weekend erlieft huet, dat huet en dem Christiane Kremer am Zelt um Glacis erzielt.
Podpurri - mir schwätze Kultur, dat ass 3 Mol d’Woch um Radio, op RTL.lu, op RTL Play an als Podcast op Spotify an iTunes.
