
Mat der Ouvertureszeremonie en Donneschdeg den Owend ass déi 75. Editioun vum internationale Filmfestival zu Berlin lancéiert, wou virop d’schottesch Actrice Tilda Swinton mam Gëllenen Éierebier geéiert wäert ginn.
Lëtzebuerg ass op der dëser Berlinale exzeptionell staark vertrueden. De Büneprogramm gëtt vu kenger anerer Persoun wéi dem Désirée Nosbusch moderéiert. Gewise ginn och d’Filmer Kontinental'25" vum Radu Jude, matfinanzéiert vu Lëtzebuerger Säit an da gesäit een nach d’Vicky Krieps an der Haaptroll vum englesche Film “Hot Milk”.
Fënnef Lëtzebuerger Koproduktiounen an der Kompetitioun
D’Berlinale ass ee vun de wichtegste Filmfestivallen an Däitschland an och weltwäit. Se dauert eng Woch laang, bis nächste Sonndeg. 19 Filmer sinn am Ganzen an der Course ëm de Gëllenen, respektiv Sëlwer Bier.