
De Chefdirigent vum OPL, de Spuenier Gustavo Gimeno, deen zënter dem 24. September 2015 den OPL leet, huet säi Kontrakt verlängert.
Grond dierft déi extrem erfollegräich Entwécklung vum OPL zënter senger Arrivée zu Lëtzebuerg sinn.
Bis 2025 huet de Gimeno sech elo verflicht, also eng Kontrakt-Verlängerung vun 3 Joer.