
Zu sengen absolutte Kultfilmer dierften “The Lost Boys”, “Flatliners”, “St. Elmo’s Fire”, “The Client”, “8mm” an eben déi 2 Batman-Filmer gehéieren, déi awer ënnert de Fans wuel zu den 2 schlechtste Batman-Filmer zielen.
Säi Virgänger, den Tim Burton, dee jo déi 2 éischte Batman-Filmer gedréit huet, hat jo Warner Bros. verlooss an domadder dem Joel Schumacher dësen Job iwwerlooss. Dat wéi gesot mat vill manner Succès.

Wéi d’US-Zeitung “Variety” mellt, wier de weltbekannte Regisseur e Méindeg zu New York gestuerwen. Hien huet laang géint de Kriibs gekämpft.