
De Journalist Petz Bartz ass mam Amnesty-Mediepräis ausgezeechent gi fir säin Tëlee-Reportage “Blockéiert um Balkan” iwwer d’Situatioun vu Flüchtlinge bei der bosnesch-kroatescher Grenz. En anere längere Reportage “Vu Meespelt an den Jihad” a Syrien gëtt den Ament de Kader vum Theaterstéck “Terres arides” vum Ian De Toffoli.
D’Christiane Kremer war op Besuch beim Petz Bartz. Bei engem Patt goung rieds iwwer de Beruff vum Journalist, d’Erausfuerderungen zu Zäite vu Fake-News, d’historesch Dimensioun vun enger Pandemie, awer och iwwer den Atelier, deen hie matgegrënnt huet, an iwwer Bréisseler Studente-Radio mam Serge Tonnar.
De Petz Bartz schwätzt iwwer de Beruff vum Journalist, den Amnesty Medien-Präis, d’Theaterstéck “Terres Arides”, den “Atelier” a Studente-Radio zu Bréissel
Reportage “Vu Meespelt an den Jihad”Reportage “Blockéiert um Balkan”

Podpurri - mir schwätze Kultur, dat ass 3 Mol d’Woch um Radio, op RTL.lu, op RTL Play an als Podcast op Spotify an iTunes.
