Hie schreift lyresch Texter a Prosa, ma och Lidder, Theaterstécker an Dréibicher. Iwwer e puer Etappen hu mir de Luc Spada bei senger kreativer Aarbecht begleet. Mir ware beim Dréi vu sengem Kuerzfilm dobäi, bei senger Late Night Show zu Déifferdeng an och bei sengem Concert am Neimënster, wou hie säin Album “Alles nur Poetry” virgestallt huet.