Mat sengem Portrait vun der groussherzoglecher Famill huet hien deemools eng grouss Polemik ausgeléist.
Haut schafft de geléierten Zeechner a Graphiker als Moudeproff op der renomméierter Konschthéichschoul „La Cambre“ zu Bréissel. Mir hunn hien an der belscher Haaptstad besicht a kruten en Abléck a säi Beruff an a säi Liewen.
An 90 Sekonnen ginn et dës Woch fir en Extrait aus dem Theaterstéck „La petite fabrique des notes“ dat am TOL gespillt gëtt.