
De Kirk Douglas huet a méi wéi 90 Filmer matgespillt, war direkt 3 mol fir den Oskar nominéiert an huet zum Beispill e Golden Globe gewonnen, dat fir seng Haaptroll an der Verkierperung vum Vincent van Gogh. Eréischt 1996 krut de Kirk Douglas den Éieren-Oscar fir säi Liewenswierk.
Ganz vill Leit dierften de Kirk Douglas awer virun allem wéinst senger Verkierperung vum Spartacus am Stanley Kubrik sengem Meeschterwierk “Spartacus” kennen.
