An der BelschDe Kultursecteur wiert sech géint eng nei Fermeture

RTL Lëtzebuerg
5.000 Persounen hunn zu Bréissel un enger Demonstratioun Deel geholl, nodeems kulturell Aktivitéite banne wéinst der Omicron-Variant hu missen zoumaachen.

Dat sinn d’Zuele vun der Police. D’Organisateure schwätze vun 10.000 Leit.

Si haten alleguer d’Participanten opgefuerdert, hir Mask wärend der Demonstratioun unzehalen an d’Distanzen anzehalen, déi grouss Majoritéit vun de Leit haten och eng Mask un. Déi Responsabel vu grousse Kulturinstitutiounen zu Bréissel, wéi dem Théatre royal flamand an der Oper La Monnaie, hunn d’Politik opgefuerdert, dës Decisioun nach ee mol z’iwwerdenken. D’Decisioune wieren net koherent, et wier ridicule, datt nëmmen d’Kultur misst zoumaachen, esou den artisteschen Direkter vum Théatre royal Flamand. Alleguer déi sanitär Mesure fir d’Sécherheet vun de Leit wieren en place.

Op Plakater war ënnert anerem ze liesen “J’aime boire du vin chaud, mais j’ai besoin de culture!”. Eng Rei kulturell Institutiounen an der Belsch hunn iwwerdeems decidéiert, sech net un déi nei Mesure ze halen an awer opzebleiwen.

Back to Top
CIM LOGO