
De Fernand Fox ass den 26. Januar 1934 op der Bollenduerfer Bréck op d'Welt komm. Vum Lycée goung et fir d'éischt op eng Bank, duerno op d'Arbed, ier e säi Café, d'Theraterstuff, opgemaach huet.
Ma seng Passioun, dat ass d'Schauspillerei, op der Bühn stoen. Den alleréischten Optrëtt hat de Fernand Fox 1965 am Stater Casino, wou e vum Eugène Heinen entdeckt gouf. Et koumen dunn nach 3 Joer Schauspillschoul an Dictioun am Stater Conservatoire dobäi.
Fir d'lescht stoung de Lëtzebuerger fir dem Andy Bausch säi Film "Rusty Boys" virun der Kamera. Iwwregens war dat net déi eenzeg Zesummenaarbecht fir e Film, bei deem de Fernand fox eng vun den Haaptrollen hat.