VIDEO: Interview mam Jimmy LeenDe Lëtzebuerger Museker huet elo een neie Projet
RTL Lëtzebuerg
Hien ass keen Onbekannten: Bei der Band Mad Fox huet hie Gittar gespillt a gesongen. Mat de Kollege vun der Band schafft hien elo och u sengem Soloprojet.
Update: 12.02.2019 15:56
VIDEO: Den Interview mam Jimmy Leen
Den Jimmy Leen ass keen onbekannte Museker. Bei der Band Mad Fox huet hien Gittar gespillt a gesongen. Elo huet hien e Soloprojet.
D’Iddi hannert deem Projet war, fir eppes u senger Manéier ze änneren, wéi hie Lidder schreift. Mat aneren Instrumenter an engem anere Sound. D’Resultat si Lidder, déi hien net méi op senger Gittar komponéiert huet, mä um Synthesizer.