VIDEO: 58. Biennale zu VenedegDe Lëtzebuerger Pavillon

RTL Lëtzebuerg
Vum 11ten Mee un leeft déi 58. Konscht Biennale zu Venedeg. Dëst Joer steet alles ënnert dem Thema: "May you live in interesting times".
58. Biennale zu Venedeg
Vum 11ten Mee un leeft déi 58ten Konscht Biennale zu Venedeg. Dëst Joer steet alles ënnert dem Thema: "May you live in interesting times".

Eng Uspillung un déi aktuell politesch an ongewëss Zäiten. De Lëtzebuerger Pavillon ass dann dëst Joer fir d'éischte Kéier wärend der Konscht Biennale am groussen Arsenal.

58. Biennale zu Venedeg - Reportage Annick Goerens

D'Éier fir Lëtzebuerg ze representéieren huet dëst Joer de Marco Godinho, e Lëtzebuerger Kënschtler mat portugisesche Wuerzelen den an der Konscht-Zeen bekannt ass fir seng poetesch Installatioune mat politeschem Hannergrond.

De Kënschtler mat portugiseschen Originne behandelt dacks Thema vun der Immigratioun an der Identitéit a seng Wierker, sou och bei dëser Biennale. Hei steet Mëttelmier am Virdergrond. Et ass e Projet un deem hie scho 6 Joer schafft: "Meng Inspiratioun iwwer d'Mier ass ganz verschidden. Poetesch vun der enger Säit, wann een zum Beispill vu Lëtzebuerg an Italien an de Süde fiert. Ma et gëtt och eng ganz politesch Notioun vun der Migratioun. An mäin Projet ass wierklech tëscht den 2 Elementer."

De Pavillon soll ausgesi wéi een Environnement. "Ech hunn de ganze Raum esou opgebaut wéi eng Well oder wéi e Mier, den am Pavillon verschidde Perspektive weist. T'ass e bësse wéi e Refuge. Wanns de ukënns, hues de verschidden Elementer déi s de kanns entdecken an du kann däi Parcours selwer gestalten an du bass tëscht verschiddene Perceptioune vun Zäit a Raum."

De Stater Casino - Forum d'Art Contemporain an der Ënneschtgaass iwwerhëlt dëst Joer d'Koordinatioun vun der Biennale am neie Pavillon. D'Architektur Biennale war zejoert jo fir d'éischte Kéier am bekannten Arsenal, an elo ass et och un der Réi vun der Konscht.

De Kevin Muhlen, Direkter vum Casino a Curateur vun der Expo ass sech bewosst, dass am Arsenal vill wäert anescht sinn. "Cela change au niveau des considérations artistiques en premier. On se pose d'autres questions déjà si on est au milieu de la biennale plutôt que dans un pavillon extra-centré. Cela change aussi au niveau des dimensions. Le pavillon est beaucoup plus grand, que le pavillon qu'on avait avant.- Donc il faut réfléchir différemment avec l'artiste à la proposition qu'on va faire."

Elo bleift ze kucke wei de Kënschtler séin ambitiéist Wierk am neie Pavillon wäert ëmsetzen.

D‘Biennale mécht seng Dier fir de Public vum 11. Mee bis de 24. November op.

Back to Top
CIM LOGO