“Zwei Herren am Strand”De Luc Feit a Steve Karier zesummen op der Bün

Isabelle Gillen
“Zwei Herren am Strand” ass eng Literaturinszenéierung iwwert eng Frëndschaft tëschent zwee ganz ënnerschiddlech Personnagen, déi sech a schwéieren Zäite Bäistand leeschten an iwwert d’Welt an hir Gefiller philosophéieren.
“Zwei Herren am Strand”
De Luc Feit a Steve Karier zesummen op der Bün

Den Charlie Chaplin an de Winston Churchill begéine sech an de 1920er Joer an Amerika op enger Party a spadséieren duerno nach iwwert d’Plage. Bei dësem Spadséiergang frënne sech déi zwou historesch Figure un an diskutéieren hir Erfarunge mam sougenannte “Schwaarzen Hond”, eng Metapher fir d’Depressioune mat deene béid Personnagen ze kämpfen hunn. Dat Ganzt ass inspiréiert um Michael Köhlmeier sengem Bestsellerroman mam nämmlechte Numm aus dem Joer 2014.

Den Charlie Chaplin versicht sech als Clown d’Liewe méi lëschteg ze maachen an de Winston Churchill fënnt dogéint en Ausgläich an der Molerei. D’Geschicht ass komplett fiktiv an och am Roman sinn d’Personnage net onbedéngt realistesch duergestallt, erzielt de Luc Feit:

“Et huet näischt mat de reale Figuren ze dinn, mee et kritt een ëmmer nëmmen esou kleng Hints. Et gi Geschichten erzielt, wéi e Film entstanen ass, wou dat hierkënnt, mee et ass alles fiktiv an dat ass fir eis eng grouss Fräiheet. Dat heescht, mir kënne behaapten, wat mir wëllen.”

Et ass d’Frëndschaft tëschent zwou historesche Figuren, ma awer och tëschent zwee Schauspiller, déi op der Bün zum Virschäi kënnt, fir de kreative Kapp hannert dësem Theaterstéck, de Frank Feitler ze éieren. Dësen huet d’Theaterstéck an d’Liewe geruff a mat den zwee Schauspiller zesummen ausgeschafft, ma konnt d’Aarbecht awer net méi viru sengem Doud 2023 fäerdegstellen. D’ Enstéiungsgschicht mécht dëst Stéck fir d’Schauspiller zu eppes ganz Besonneschem, erzielt de Steve Karier:

“D’Entstéiungsgeschicht mat engem Mënsch, deen net méi do ass a mat deem mir allebéid immens enk an immens laang befrënnt ware, mat deem mir vill geschafft hunn. Et ass eng mënschlech Geschicht, och hei.”

Zwei Herren am Strand gëtt den 18. an 21. Dezember am Ariston zu Esch gespillt an den 8. a 9. Januar am Capuciner Theater.

Back to Top
CIM LOGO