De Robert Brandy ass e "Klassiker" an der Konschtzeen zu Lëtzebuerg. Zënter Joerzéngten lieft den Artist vu senger Konscht a stellt national an international aus. Mä och haut ass hien nach ëmmer passionéiert vun der Molerei a vu senger Auto-Sammlung.
Diskutéiert gouf awer och iwwer aktuell "afrikanesch Konscht" mam Gérard Valerius an iwwer d'Serie "The Crown" mam Loïc Tanson geschwat.
De labbere Kulturtalk "No Art On Air" am Café "Gudde Wëllen" an der Stad elo ëmmer donneschdes um 20 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg an am Livestream op RTL.lu, wou een d'Emissioun duerno och am Replay fënnt.