
Zënter de 50er Jore war hien ëmmer nees op der Bün ze gesinn, huet zum Beispill den TOL mat gegrënnt, an huet sech natierlech och als Theaterauteur en Numm gemaach. Fir seng Theatertrilogie “Äddi Charel”, “Besuch” an e Stéck Streisel” krut en 1993 eng éischte Kéier de Servaispräis.
2013 konnt e fir “De Monni aus Amerika” dee renomméierte Literaturpräis nach eng Kéier fir sech entscheeden. Fir säi Gesamtwierk war e schonn 2002 mam Batty Weber Präis ausgezeechent ginn. Dass de Pol Greisch vum Theater kënnt, huet och e groussen Afloss op seng Prosa-Aarbecht gehat. Eng Liesung mam Pol Greisch ass ëmmer en Erliefnis, well seng Texter si geschriwwen fir live virgelies ze ginn.
Dass bei sengem leschten Erzielband “Tëscht Kaz a Kueder” eng CD dobäiläit, domat huet e senge Lieser eng besonnesch Freed gemaach. D’Musek dozou gouf iwwregens vu sengem Jong, dem Gitarrist Cary Greisch komponéiert a gespillt.
Freed um Schreiwen ze hunn, ass dem Pol Greisch besonnesch wichteg. Seng Texter beweege sech dacks tëscht de Géigesätz Melancholie an Humor. A grad an dësen Zäiten ass Humor wuel ëmsou méi wichteg. Domat alles Guddes fir den 90, Gebuertsdag an nach vill Joren derbäi!